Wanderweeër zu a ronderëm Lëtzebuerg: Ellergronn - Wann d'Natur d'Minett zeréckeruewert

Wanderweeër zu a ronderëm Lëtzebuerg: Ellergronn - Wann d'Natur d'Minett zeréckeruewert
View on original source
Category: Tourism
Share
Archive
Like
Mir sinn am Ellergronn bei Esch-Uelzecht, engem vun deene besonnesche Naturschutzgebidder am Minett. Haut héiere mer hei d'Villercher sangen, gesi Bësch, Weieren a Wisen – an et ass kaum nach virzestellen, datt hei fréier Eisenäerz ofgebaut gouf. Ellergronn - Wann d'Natur d'Minett zeréckeruewert Den Natura 2000 Trail weist op eng ganz interessant Manéier, wéi Mënsch an Natur matenee verbonne sinn. De gesamte Parcours ass ronn 12 Kilometer laang a besteet aus dräi verschiddene Schläifen. Dat eigentlech Faszinant um Ellergronn ass, dass d'Natur sech hei e groussen Deel vun hirem Territoire zeréckgeholl huet. Mee den Ellergronn ass net nëmmen e flotte Wanderwee. D'Gebitt gehéiert zum europäesche Natura-2000-Netzwierk, also engem Netzwierk vu Schutzgebidder, an deem wäertvoll Liewensraim an Aarte geschützt solle ginn. Op där enger Säit erënnert d'Landschaft un déi Zäit, an där d'Minett duerch d'Eisenäerzindustrie zu engem wichtegen Industriestanduert gouf. Op där anerer Säit gesi mer, wéi aus enger fréierer Minière mat der Zäit en natierleche Liewensraum entstoe konnt – mat Weieren, dréchene Wisen an engem Bësch. Et ass eng kleng Rees duerch d'Geschicht vum Minett. Eng Rees, bei där ee gesäit, wat de Mënsch mat enger Landschaft maache kann – mee och, wat geschitt, wann d'Natur sech eng Plaz Stéck fir Stéck zeréckhëlt. Wie Loscht huet, kann déi dräi Schleefen och matenee verbannen an esou de komplette Parcours maachen. D'Streck ass mëttelschwéier an dauert ongeféier dräi Stonnen an zéng Minutten. A vläicht ass genee dat déi schéinste Lektioun aus dem Ellergronn: Och do, wou de Mënsch Spuere hannerlooss huet, kann d'Natur nees nei ufänken. Natura 2000 Trail The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

(0)Comments

 

A note on cookies

Newshunt uses essential cookies to keep you signed in and to remember your language and country, so the site works the way you expect. With your permission, we'd also like to use analytics cookies to understand how people use Newshunt and improve it over time.

Accepting only affects analytics. To learn more, view our Privacy Policy or Terms & Conditions.